-
Titel
Opzeechnung vun der Buchvirstellung vu Fortific(a)tions an der Nationalbibliothéik (BnL) vum 26.11.2020.
-
Erscheinungsjahr
2020
-
Sprachen
Luxemburgisch
-
Weblinks
-
Genres
-
Öffentliche Notiz
An der BD FORTIFIC(A)TIONS erziele sechs Zeechner an Zeechnerinnen, de Marc Angel, d’Marion Dengler, den Andy Genen, den Antoine Grimée, d’Sabrina Kaufmann an d’Pascale Velleine, souwéi dräi Zeenaristen, de Lucien Czuga, de John Rech an de Jean-Louis Schlesser, Geschichten op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch – an op verschidde Manéieren: Manga, Comic, franséischbelsch Schoul, graphesche Roman, schwaarzwäiss oder faarweg.
Bei der Presentatioun gitt Dir gewuer, wéi eng Maueren a Gebaier d’Kënschtler faszinéiert hunn, u wéi eng Geschichten erënnert gëtt a firwat de Protagonist Jim Steller aus dem Joseph Funck senger Erzielung Kleines Schicksal (1934) weidergeschriwwe gouf. Op der Plaz sinn d’Artisten, déi ons de Projet méi no bréngen. Moderatioun gëtt iwwerholl vum Claude D. Conter (BnL) a Claude Kremer (CNL).
E Projet vun der Associatioun D’Frënn vun der 9. Konscht.